Internationale FuttballTottenham kënnt zu Leicester ënner d'Rieder

RTL Lëtzebuerg
Arsenal léisst géint Brentford nees Plommen. Paräis verléiert d'Generalprouf fir den Champions-League-Match géint Bayern München en Dënschdeg.
© AFP

Bundesliga

Den Artikel iwwer d’Bundesliga-Matcher fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

West Ham - Chelsea 1:1
0:1 Joao Felix (16'), 1:1 Emerson (28')

Chelsea kënnt einfach net vun der Plaz a spillt den drëtte Match hannertenee gläich. An engem intensiven Derby bei West Ham waren d’Blues wuel a Féierung gaangen, mee d’Hammers koumen duerno besser an de Match a konnten den Ausgläich markéieren. Duerno hu sech béid Ekippe wuel nach vereenzelt gutt Golchancen erausgespillt, mee ouni Succès. An der 82. Minutt krut West Ham e Gol oferkannt, nodeem d’Situatioun vum VAR iwwerpréift gi war.

Arsenal - Brentford 1:1
1:0 Trossard (66'), 1:1 Toney (74')

Den FC Arsenal hat an der éischter Hallschent wuel vill Ballbesëtz, mee Brentford huet eng gutt Leeschtung an der Defense gewisen. Nom Säitewiessel sollten d’Gunners duerch hiren Neizougang Trossard a Féierung goen, éier den Ivan Toney fir Brentford ausgläiche konnt. Duerch d’Gläichspill an dësem London-Derby huet Arsenal elo sechs Punkten Avance op Manchester City. E Mëttwoch kënnt et am Nodrosmatch zum direkten Duell tëscht béiden Ekippen.

Leicester City - Tottenham 4:1
0:1 Betancur (14'), 1:1 Mendy (23'), 2:1 Maddison (25'), 3:1 Iheanacho (45'+4), 4:1 Barnes (81')

Obwuel Tottenham fréi a Féierung goung, huet Leicester sech dovun net beandrocke gelooss a bannent kuerzer Zäit zwee Goler geschoss. Nach virun der Paus waren d’Foxes 3:1 a Féierung gaangen a konnten hir Avance an der zweeter Hallschent nach weider ausbauen. Tottenham huet sech an dësem Match eklatant Feeler an der Ofwier erlaabt a bleift mat 39 Punkten op Plaz 5. Leicester sammelt dogéint wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig.

Bournemouth - Newcastle 1:1
1:0 Senesi (30'), 1:1 Almiron (45'+2)

Newcastle léisst den zweete Match hannerteneen zwee Punkte leien an hëlt just ee Punkt mat heem. Den Ofstigskandidat Bournemouth war déi éischt hallef Stonn besser am Match a goung och verdéngt a Féierung. Duerno sinn d’Magpies besser an de Match komm a konnten nach virun der Paus den Ausgläich schéissen. Och déi zweet Hallschent huet Newcastle den Toun uginn, konnt awer net vill Golchancë kreéieren, soudass et beim Gläichspill blouf.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lecce - AS Roum 1:1
1:0 Ibanez (7', Eegegol), 1:1 Dybala (17')

D’AS Roum léisst géint Lecce wichteg Punkte leien, steet awer nees virum AC Mailand. Lecce war duerch en Eegegol fréi a Féierung gaangen, mee duerno huet sech d’AS Roum erkritt a war déi besser Ekipp. Méi wéi den Ausgläich sollt der Ekipp vum José Mourinho net geléngen, well si ëmmer nees um Golkipp vu Lecce gescheitert sinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - PSG 3:1
1:0 Golovin (4'), 2:0 Ben Yedder (18'), 2:1 Zaire-Emery (39'), 3:1 Ben Yedder (45'+1)

Paräis war opgrond vu ville Blessure mat enger 1B-Ekipp zu Monaco ugetrueden. De PSG louch séier a verdéngt mat 0:2 hannen, mee och den 1:2 huet der Ekipp aus der franséischer Haaptstad kee Selbstvertraue ginn a Monaco konnt nach virun der Paus op 3:1 erhéijen. An der zweeter Hallschent huet Monaco weider no vir gespillt, mee ass ëmmer um Donnarumma hänke bliwwen. An der Tabell huet de PSG awer nach eng komfortabel Avance op den Zweetplacéierten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO