
Ethik- an Disziplininspektere sollen elo e méigleche Verstouss géint de rechtleche Kader vum Kontinentalverband a puncto Super-League-Grënnung ënnersichen.
Schonn e Freideg hat d’Uefa matgedeelt, juristesch géint déi 3 Clibb aus Spuenien an Italien virzegoen. Hinnen droen elo massiv Strofen. Wéi d’Uefa schreift, géingen zu engem spéideren Zäitpunkt nach méi Informatioune bekannt gemaach ginn.
No der gescheiterter Grënnung goufen 9 vun den 12 Clibb, déi zougesot haten, sanktionéiert. Si mussen zesumme 15 Milliounen Euro fir d’Fërderung vun ënnert anerem dem Jugendfuttball spenden a verflichte sech, 100 Milliounen Euro ze bezuelen, sollte si an Zukunft “versichen”, bei engem net geneemegte Wettbewerb matzemaachen.
Déi aner 3 Clibb Real Madrid, FC Barcelona a Juventus Turin hu sech zu engem Géigenugrëff entscheet gehat. E Samschdeg hate si eng gemeinsam Erklärung verëffentlecht an der Uefa Reprochë gemaach. Si hätte just “zum Wuel vum Futtball” gehandelt, huet et geheescht.
De Fifa-President hat sech a puncto méiglech Bestrofung zeréckgehalen a gesot, et misst een iwwer déi nächst Schrëtt nodenken, sou de Schwäizer Gianni Infantino der Sportzeitung AS géintiwwer. Hie kéint Sanktiounen allerdéngs net ausschléissen.