Drëtt Hallschent, de Sport-TalkUrs Meier

Jeff Kettenmeyer
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm dem Urs Meier seng Karriär als Arbitter, als Futtball-Expert op der Tëlee an ëm de "VAR".

Des Woch ass den Urs Meier Invité am Podcast Drëtt Hallschent. De 64 Joer ale Schwäizer huet iwwer 800 Matcher als Futtballarbitter gepaff an huet um Héichpunkt vu senger Karriär zu deene Beschten op der Welt gezielt.

2002 huet hien d‘Champions-League-Finall tëscht Real Madrid a Bayer Leverkusen arbitréiert an am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer erzielt hien, wéi hien de Volley-Gol vum Zinedine Zidane erlieft huet.

Donieft krut hien 2004 nom EM-Match England géint Portugal an engem annuléierte Gol vum Sol Campbell seriö Menacen aus England an doropshin Schutz vun der Police.

No senger aktiver Karriär als Arbitter huet hie vun 2005 un als Expert fir den ZDF geschafft an am Podcast och iwwert Zesummenaarbecht mam Jürgen Klopp geschwat an datt déi zwee bis haut gutt Frënn sinn.

Am Futtball gëtt den Ament vill iwwert de “VAR” diskutéiert an och heiriwwer huet den Urs Meier eng kloer Meenung.

Déi lescht Joren ass hien als grousse Riedner bekannt ginn, an an deem Kader war hien och zu Lëtzebuerg an huet fir eng Privat Entreprise ee Virtrag gehalen.

An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm dem Urs Meier seng Karriär als Arbitter, als Futtball-Expert op der Tëlee an ëm de “VAR”.

Back to Top
CIM LOGO