
An der National a Frankräich huet de Vincent Thill fir Pau um Samschdeg nees eng gutt Leeschtung gewisen. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet géint Lyon Duchère Pau mat 1:0 duerch een Eelefmeter a Féierung bruecht. Um Enn wënnt Pau mat 2:1.
E Freideg stoung de Laurent Jans fir Metz an der franséischer Ligue 2 déi 90 Minutten um Terrain. D'Grenaten hunn um Enn géint Ajaccio 0:0 gläichgespillt. Metz bleift domat un der Spëtzt vun der Tabell, mat 3 Punkten Avance op den Zweete Brest.
An der Ligue 1 ka sech Lille, de Club vum Gérard Lopez, e Freideg den Owend mat 2:1 zu Marseille géint Olympique duerchsetzen.
Den OSC bleift domat Zweeten an der Tabell, hanner dem PSG a viru Lyon.