Wann dat neit Covid-Gesetz ugeholl gëttVun e Sonndeg un nees Spectateure bei nationale Sportkompetitiounen

RTL Lëtzebuerg
De Sportminister Dan Kersch sot RTL géintiwwer, datt am Projet de loi 150 Persounen, Spiller an Offizieller net agerechent, kéinte Matcher suivéieren.
Vun e Sonndeg un nees Spectateure bei Sportkompetitiounen
De Sportminister Dan Kersch sot RTL géintiwwer, datt am Projet de loi 150 Persounen, Spiller an Offizieller net agerechent, kéinte Matcher suivéieren.

Dëst allerdéngs ënner 3 Konditiounen: Et gëllt eng Maskeflicht, et muss ee sëtzen an och Distanz vun 2 Meter muss agehale ginn, wann een net aus engem Stot kënnt.

D’Gesetz muss allerdéngs fir d’éischt nach e Freideg gestëmmt ginn.

Sportkompetitioune mat Spectateuren / vum Jeff Kettenmeyer

D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun (FLF) hat eng Demande beim Sportminister Dan Kersch gemaach, fir eng Derogatioun ze kréien, fir de 6. Juni de Frëndschaftslännermatch géint Schottland virun 2.000 Spectateuren ze spillen.

Am neie Covid-Gesetz, wat e Freideg gestëmmt gëtt, dierfe jo an Zukunft bei verschidden Evenementer mol nees 1.000 Leit dobäi sinn, dëst allerdéngs mat engem Accord vun der Santé an ënner strenge Mesuren.

Den Dan Kersch sot am RTL-Interview, datt eng Derogatioun fir de Match am Stade Josy Barthel mat Sécherheet net méiglech wier an och d’Unzuel vun 2.000 Leit net a Fro kënnt, mä wann dann dem Gesetz no, mat maximal 1.000.

Extrait Dan Kersch

Den Dan Kersch am Interview
De Sportminister sot RTL géintiwwer, datt am Projet de loi 150 Persounen, Spiller an Offizieller net agerechent, kéinte Matcher suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO