D’Capacitéit am Schwamm-Beräich gouf reduzéiert, fir esou de "Social distancing" an alle Beräicher ze garantéieren. Den Direkter vun der Coque de Christian Jung ass och nees frou, fir säi Personal, respektiv nees seng Clienten dierfen ze empfänken.
Bei enger Sécherheetsmesure heescht et, dass am Schwamm-Beräich 38 Schwëmmer mateneen dierfen an d'Waasser, an dëst 2 Stonne laang.
Den Experten no kann ee sech awer net mam Virus am Waasser ustiechen, schonn eleng wéinst dem Chlor am Waasser. Et ass awer net nëmmen de Schwamm-Beräich, mä och eng ganz Partie Plaze ronderëm d'Coque, déi fir de Public nees op sinn, esou ewéi d'Kloterwand an dëst mat de néidege Sécherheetsmesuren.
D'Athlete vum "Cadre élite" esou ewéi déi vum "Cadre Promotion" konnten awer schonn am Mee nees an der Coque trainéieren. D'Normalitéit kënnt also lues a lues nees zeréck, an engem dach esouvill besiichtege Komplex.
Lescht Joer huet d’Coque ëmmerhin 3.000 Visiteure pro Woch gezielt, dëst Joer wäert dat wuel manner grouss ausfalen, d'Hoffnung bleift, datt soubal sech nees alles normaliséiert huet, d'Zuelen dann och nees an d’Luucht ginn.
