Davis CupWéinst Reform - Lëtzebuerg muss trotz Maintien an de Grupp 3

RTL Lëtzebuerg
D'Reform am Tennis-Davis-Cup, déi dëst Joer a Kraaft trëtt, gouf jo scho vu ville Säite kritiséiert.
© Val Wagner (Archiv)

Elo kënnt och nach dobäi, datt et fir eng Rei Federatiounen negativ Konsequenze ginn, dorënner och Lëtzebuerg.

Davis Cup/Reportage Franky Hippert

D'Situatioun ass nämlech elo déi, datt Lëtzebuerg zwar de Maintien op sportlechem Plang d'lescht Joer an der Europa-Afrika-Grupp 2 realiséiert hat, duerch d'Reform elo awer an de Grupp 3 ofsteigt. Den FLT-President Claude Lamberty ënnersträicht, dass d'Ekippen, déi de Weekend gespillt hunn, net en faveur vu Lëtzebuerg gespillt hunn, well Lëtzebuerg steet elo als 1. Ekipp am Grupp 3. Am Grupp 2 steet awer zum Beispill Georgien, géint déi een d'lescht Joer awer gewanne konnt. Dass een duerch d'Natiounewäertung elo zeréckgestuuft ginn ass, doriwwer ass ee bei der FLT guer net frou.

D'Lëtzebuerger Tennis-Federatioun huet dann awer och decidéiert, bei der internationaler Federatioun ze intervenéieren. Fakt wier eben einfach, dass een um Terrain géint aner Ekippe gewonnen hätt, fir de Maintien am Grupp 2 ze realiséieren an elo géif een ebe wéinst där Natiounewäertung zeréckgeheit ginn. An den Ae vum Claude Lamberty wier dëst net immens sportlech an dogéint wéilt ee virgoen. Den FLT-President betount awer och, dass hie sech net vill Hoffnunge mécht, dass ee Protest vun der FLT vill Wierkung hätt.

D'Matsproocherecht vun de klenge Federatioune war bei der ëmstriddener Reform vum Davis Cup dann och méi wei limitéiert. Sou Reforme ginn op engem internationale Kongress decidéiert an hei hätten déi grouss Länner, wou Grand Slamme gespillt ginn, méi Afloss hätten.

E Mëttwoch soll dann déi genee Opdeelung vun de verschiddenen Divisiounen am Davis Cup vun der internationaler Tennis-Federatioun matgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO