Championnat am SprangreidenWie ka sech de Lëtzebuerger Championstitel sécheren?

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg an nach bis e Sonndeg ass zu Dippech de Championnat am Sprangreiden.
Championnat am Sprangreiden
Zanter en Donneschdeg an nach bis e Sonndeg ass zu Dippech de Championnat am Sprangreiden.

4 Deeg brauch een, ier de Lëtzebuerger Championnat am Sprangreiden entscheet ass. Vun donneschdes bis sonndes ass all Dag eng Epreuve ze reiden a wie sonndes no der leschter Epreuve déi mannste Feelerpunkten huet, ka sech Lëtzebuerger Champion nennen.

Di 2 héchste Kategorien am Sprangreiden-Championnat heeschen: Amateur a Senioren. Woubäi an der Kategorie Senior theoretesch déi beschte Reider mat deene beschte Päerd untrieden. An der Praxis ass dat ze relativéieren, well eis aktuell beschte Reiderin, d’Charlotte Bettendorf, sengem Patron seng Päerd am Ausland muss weisen. Aner Favoritte sinn net mat hire beschte Päerd um Start an hunn trotzdeem Ambitiounen, fir Champion ze ginn. Dat gëllt fir de Marcel Ewen, zënter Jore reit hien un der Spëtzt.

D’Viktoria Häussler war scho mol Lëtzebuerger Championne, huet hiert beschte Päerd derbäi a weess, dass ee muss d’Rou behalen. A wann den Hope 70 – sou heescht hiert Päerd – konzentréiert bleift, dann ass villes méiglech. Fir de Moment ass d’Viktoria mat vir bäi.

An da kéime mer zur Iwwerraschung vun den éischten Deeg: d’Jessy Fraiture ass dat Jéngst vun alle Konkurrenten a Konkurrentinnen a louch no 2 Deeg Kompetitioun op der éischter Plaz.

Vergiesse mer awer och net de Viktor Bettendorf. Deen hat zwar nom 2. Dag net déi beschte Kaarten, awer déi gréissten Erfarung. Mol kucken, wéi et e Sonndeg ausgeet um Boufferhaff.

Back to Top
CIM LOGO