
E Mëttwoch den Owend huet déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun per Schreiwes d’Selektioun fir d’Weltmeeschterschaft op der Strooss bekannt ginn. D’WM ass dëst Joer am Yorkshire a Groussbritannien an dat vum 22. bis den 29. September.
D’FSCL ass bei de Junioren mat 3 Coureure vertrueden, bei den Espoire si 5 Lëtzebuerger um Depart a bei der Elite sinn et der 4. Am Prinzip war de Jempy Drucker bei der Elite virgesinn, ma wéinst senger Blessur bei der Vuelta, kann hien elo net un den Depart goen.
Bei den Dammen sinn 3 Athletinne mat dobäi a bei de Juniorinnen eng.
D’Coureure gi bei der WM vun den Nationaltraineren Christian Swietlik an Heiko Lehmann, den dräi Soigneuren Matthias Lukas, Anthony Pauwels a Chantal Hoffmann an den 3 Mechaniker Glen Leven, Jean-Claude Anen a Paul Gloesener beträit. De Christian Helmig wäert d’Betreierteam koordinéieren. Op der Plaz wäerten och de President vun der FSCL Camille Dahm wéi och de Generalsekretär Ed Buchette sinn.
Junioren (m):
Loïc BETTENDORFF Straße & CLM
Joé MICHOTTE Straße & CLM
Mats WENZEL Straße
Tom PAQUET Reserve
Jacques GLOESENER Reserve
Espoir (m)
Kevin GENIETS Straße & CLM
Colin HEIDERSCHEID Straße
Arthur KLUCKERS Straße
Michel RIES Straße
Luc WIRTGEN Straße
Cédric PRIES Reserve
Maxime WEYRICH Reserve
Elite (m)
Jempy DRUCKER Straße (Out)
Ben GASTAUER Straße
Bob JUNGELS Straße & CLM
Alex KIRSCH Straße
Tom WIRTGEN Reserve
Junioren (f)
Nina BERTON Straße & CLM
Elite (f)
Anne-Sophie HARSCH Straße
Elise MAES Straße
Christine MAJERUS Straße