De Vëlosclub vu Schëffleng huet dëse Weekend nees e Critérium organiséiert. Bei de Masters a Juniore waren am Ganzen 41 Coureuren ageschriwwen. De Gewënner vun esou engem Critérium ass awer net onbedéngt deen, deen als Éischten iwwert de wäisse Stréch fiert.
De Gewënner vun dësem Critérium war dee Coureur, deen iwwert déi 65 Kilometer am meeschte Punkte gesammelt huet. Déi si bei enger Sprintwäertung verdeelt ginn, déi no all 10. Tour agelaut gouf. 5 Punkte krut deen Éischten, 3 ware fir den Zweete reservéiert an deen Drëtte krut 2 Punkten opgeschriwwen. Beim leschte Sprint virun der Arrivée goufen d’Punkte verduebelt. En intressant Konzept an d’Nathalie Lamborelle, Presidentin vum LP07 Schëffleng, war och mat den Inscriptioune méi wéi zefridden: „Mir sinn immens zefridden. Ech muss och soen, mir hate vun Ufank u voll Ënnerstëtzung vun eiser Gemeng. Mat Corona hu mir zwar alles an der leschter Minutt organiséiert, mee ech si frou, dass et esou ofleeft an dass och mam Circuit alles esou klappt bei der éischter Editioun.“
Bei dësem Critérium ass et net einfach fir de Punktestand permanent am Kapp ze hunn. Dowéinst haten déi meescht Coureure Membere vum Veräi ronderëm de Parcours stoen, déi hinnen den aktuelle Punktestand matgedeelt hunn.
No der Hallschent vun der Course war awer scho kloer, dass bei de Junioren d’Entscheedung tëschent dem Max Märkel aus Däitschland an dem Niels Michotte vu Wolz fale géif.
De Lëtzebuerger huet zwar am leschte Sprint nach emol alles ginn, dësen och gewonnen, mee dem Wëlzer hunn um Enn 5 Punkten op de Märkel gefeelt, deen dëse Critérium mat 28 Punkte fir sech entscheet huet.
De Steve Gillaume huet de Critérium bei de Masters gewonnen. De Steve Fries vum Cycling Team Atertdaul koum als beschte Lëtzebuerger op déi zweete Plaz.