Optakt vun der Klassiker-Saison5 Lëtzebuerger um Depart vum Omloop Het Nieuwsblad

Tom Flammang
Bei den Häre sinn de Kevin Geniets, de Jempy Drucker, den Alex Kirsch an dem Tom Wirtgen dobäi a bei den Dammen ass et d'Christine Majerus.
5 Lëtzebuerger um Depart vum Omloop Het Nieuwsblad
Bei den Häre sinn de Kevin Geniets, de Jempy Drucker, den Alex Kirsch an de Tom Wirtgen dobäi a bei den Dammen ass et d’Christine Majerus.

E Samschdeg gëtt mam Optakt vum Omloop Het Nieuwsblad den éischte Semi-Klassiker vun dëser Saison an der Belsch gefuer. Véier Lëtzebuerger Coureure si bei de Männer um Depart. De Champion Kevin Geniets huet sech speziell mat der Ekipp op d’Fréijoersklassiker virbereet a war an der Sierra Nevada an engem Héichtentrainingslager. De Leader vu Groupama-FDJ ass de Schwäizer Stefan Küng.

Besonnesch motivéiert ass och de Jempy Drucker. De Coureur vu Cofidis war am Joer 2019 de 6. an dierft an der franséischer Ekipp ee vun de Leader sinn.

Och fir den Alex Kirsch leeft et ugangs der Saison gutt a mam Jasper Stuyven huet Trek-Segafredo de Gewënner vun 2020 mat um Depart.

Den Tom Wirtgen wëll mat Bingoal WB eng gutt Course fueren a mat enger gudder Leeschtung iwwerzeegen.

Bei der Dammecourse geet d’Christine Majerus un den Depart. Fir d’Lëtzebuerger Championne ass déi éischt Course op der Strooss an dëser Saison.

RTL ass e Samschdeg vu 14 Auer u live beim Omloop Het Nieuwsblad mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO