Cyclocross65 Lizenzéierter ware bei engem speziellen Training derbäi

Tom Flammang
Am Moment ginn am Sport keng Kompetitiounen organiséiert. D'Lëtzebuerger Vëlossport-Federatioun an hir Trainer hu sech awer eppes afale gelooss.
Cyclocross
Net manner wéi 65 Lizenzéierter hate sech de Weekend ugemellt fir um Cyclocross Parcours vum Dippecher Veräin zu Schuller ze fueren.

Si probéieren hir Sportler sou gutt wei méiglech ze ënnerstëtzen an hunn e chronometréierten Training op engem Cyclocross-Parcours organiséiert.

Net manner wéi 65 Lizenzéierter hate sech de Weekend ugemellt, fir um Cyclocross-Parcours vum Dippecher Veräin zu Schuller ze fueren. Vun der Minimes- bis bei Espoirs-Kategorie konnten d’Sportler sou hir Form kuerz virun de Feierdeeg testen.

Back to Top
CIM LOGO