An de leschte Wochen a Méint ass vill iwwer d’Primmen, déi bei den Dammen ausbezuelt ginn, diskutéiert ginn. Déi sollen an Zukunft ëmmer méi un déi vun de Männer ugepasst ginn. D’Organisateure vum Festival, ronderëm de Michel Zangerlé, hu sech schonns an der Vergaangenheet Gedanken iwwer dat Thema gemaach.
“An der Vergaangenheet hu mir ëmmer zu deene gehéiert, déi méi Präisgeld ginn hunn, wéi mir hätte musse ginn. Mëttlerweil ass et awer esou, datt mir do net méi wäit driwwer leien. Aktuell hu mir net méi finanziell Moyenen, fir méi auszebezuelen. Ech mengen, mir si schonns zefridden, datt mir 7 World-Tour-Ekippen um Depart hunn. Dat leschte Joer hate mir der 8. Et muss ee sech bewosst sinn, datt de World-Tour-Kalenner immens iwwerlaascht ass. Et ass normal, datt mir net alleguerten d’Ekippe kënnen hunn. Mee mat 7 si mir gutt dobäi.”
Mam Maite Barthels, dem Nina Berton , Isabelle Klein a Christine Majerus sinn och 4 Lëtzebuergerinnen mat um Depart. Déi Leschtgenannten huet 2017 d’Etappecourse konnte gewannen an zielt och dëst Joer nees zu de Favoritinnen. Allerdéngs ass d’Christine Majerus virun zwou Woche krank gewiescht, wat sécherlech net optimal ass fir 100 prozenteg un den Depart ze goen.
Christine Majerus: “No Paris-Roubaix hunn ech am Training bësse méi lues gemaach, well ech och déi leschte Woch gemierkt hunn, datt ech nach net bei 100 Prozent war. Dat wäert och meng Course beim Elsy Jacobs beaflossen. Ech sinn awer motivéiert fir doheem meng bescht méiglech Leeschtung ze maachen. Mir si villäicht net mat der allerstäerkster Ekipp ënnerwee, well d’Fréijoer war laang a leider ass d’Elsy Jacobs ëmmer déi leschte Course am Fréijoer a vill vun eise Leaderen sinn no Léck-Baaschtnech-Léck an der Paus.”
E Mëttwoch huet dem Christine Majerus seng Ekipp awer bekannt ginn, datt d’Demi Vollering mat an der Ekipp ass. D’Hollännerin zielt den Ament zu de Weltbeschten am Cyclissem.