
D’Marie Schreiber ass bei engem internationale Cyclocross eng weider Kéier an d’Top10 gefuer. Bei enger Manche vum Superprestige huet d’Lëtzebuergerin sech e Samschdeg zu Gavere als 8. klasséiert, dat mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 6 Sekonnen op d’Gewënnerin Lucinda Brand aus Holland.
Um Podium stoungen nach d’Annemarie Worst (+35 Sekonnen) an d’Denise Betsema (+51 Sekonnen) allebéid aus Holland.