Internationale Cyclocross8. Plaz fir Marie Schreiber

RTL Lëtzebuerg
Beim leschten internationale Cyclocross vun der Saison 21/22 zu Oostmalle an der Belsch hunn d'Hollännerinnen hir Dominanz nees ënner Beweis gestallt.
© RTL-Archiv / Jeff Gloden

An der leschter Course vun der Saison gouf et bei der Dammenelite nees eng dräifach Victoire fir Holland. D’Annemarie Worst gewënnt virum Denise Betsema an dem Lucinda Brand. D’Marie Schreiber kënnt zu Oostmalle op déi aacht Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt an 8 Sekonnen.

Fir déi 19 Joer al Lëtzebuergerin war et déi éischt Saison bei den Espoiren, wou si mat exzellente Performancen op sech opmierksam gemaach huet. Ënner anerem huet si sech de Lëtzebuerger Championstitel kënne sécheren, huet de Cyclocross zu Conter kënne gewannen an ass bei der Weltmeeschterschaft an den USA op déi 6. Plaz an der Kategorie vun den U23 gefuer.

Back to Top
CIM LOGO