E Mëttwoch geet et lass mat der Course Brugge - de Panne, déi Dir och Live op RTL kucke kënnt. Mat Alex Kirsch an Tom Wirtgen sinn hei do och zwee Lëtzebuerger um Depart, déi mer an den nächsten Deeg méi dacks am Asaz wäerte gesinn.
Brugge - de Panne ass traditionell eng Course fir d’Sprinter, et sief dann, de Wand bléist ze staark,da kann de ganze Peloton explodéieren. E Freideg steet mam E3 Präis wuel déi vum Parcours hir Schwéierste vun deene véier Courssen um Programm. Mat senger momentaner Form kéint den Alex Kirsch eng interessant Roll fir seng Ekipp spillen a vun e puer Fräiheeten profitéieren.
RTL ass bis bei den Tour des Flandres bei alle Coursse live dobäi.