
Hien hat a sech fest domadder gerechent, och fir den Tour de France selektionéiert ze ginn. Quasi a leschter Minutt krut hien awer matgedeelt, datt hien net ënnert deenen 8 wier, déi d’Grande Boucle géife fueren. Dat war eng sauer Pëll, déi awer elo verdaut ass.
“Ech hat mir eng Woch eng Auszäit geholl. Duerno hunn ech mir awer nees Ziler gesat an ee war, fir d’Vuelta ze fueren.”
Kuerz virum Depart krut den Alex Kirsch déi gutt Nouvelle, datt säi Kontrakt bei der Ekipp Trek-Segafredo fir zwee Joer verlängert gouf. Leader vun der Ekipp ass den Giulio Ciccone. Dem Alex Kirsch no ass d’Ekipp ronderëm den Italiener ganz gutt opgestallt, an de Lëtzebuerger an déi aner 6 Coureuren wäerte sech an den Déngscht vum Italiener stellen.
“Mam Kenny Elissonde an dem Gianluca Brambilla, déi staark an de Bierger sinn an awer och kapabel sinn, op eng Etappevictoire ze fueren. Dann hu mir och zwee ganz jonk Fuerer, mam Juan Pedro López a mam Quinn Simmons. Ech als Capitaine de Route, probéieren all Mënsch esou gutt wéi méiglech ze ënnerstëtzen. An dann hu mir nach de Kiel Reijnen als pueren Hëllefer.”
Fir den Giulio Ciccone ass d’Vuelta dëst Joer den éischten Tour, wou hien als Leader un den Depart geet. Fir den Alex Kirsch ass eng Top-Placéierung ee realistescht Zil.
“Ech denken, datt et realistesch ass, ënnert déi 5 éischt ze kommen. Dat gëtt een interessanten Challenge fir hien, awer och fir eis. Mir haten dat scho laang net méi an der Ekipp. An den Ciccone ass ee grousse Projet fir d’Zukunft fir d’Ekipp.”
Den Alex Kirsch huet sech ënnert anerem an Andorra op d’Vuelta preparéiert, bei där 21 Etappe mat am Ganzen 3.417 Kilometer gefuer ginn.