Tour duerch Andalusien: 4. EtappAlex Kirsch bei Greipel-Victoire 5.

RTL Lëtzebuerg
Op der 4. Etapp am Tour duerch Andalusien huet sech den André Greipel am Sprint d'Victoire geséchert.
© Jacob Kennison (Trek Factory Racing)

E Freideg ass et op der 4. Etapp vum Tour duerch Andalusien iwwer 182 Kilometer vu Baza op Cullar Vega gaangen. Op der flaacher Etapp koum et um Enn zum Sprint. Hei huet sech den André Greipel aus Däitschland d’Victoire geséchert. Op d’Plazen 2 an 3 sinn den Alvaro Hodeg aus Kolumbien an de Mads Pedersen aus Dänemark gefuer.

Den Alex Kirsch ass an der nämmlechter Zäit wéi de Greipel als excellente 5. iwwert d’Arrivée gefuer. De Michel Ries huet als 58. 8 Sekonne verluer.

Leader am General bleift de Miguel Angel Lopez. Hien huet e Virsprong vun 20 Sekonnen op den Antwan Tolhoek. De Michel Ries ass den 33. op iwwer 10 Minutten an den Alex Kirsch läit op der 78. Plaz op knapp 38 Minutten.

D’Top 10 vun der Etapp

1 GREIPEL André Israel Start-Up Nation 4:37:12
2 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step ,,
3 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
4 KRISTOFF Alexander UAE-Team Emirates ,,
5 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
6 ZABEL Rick Israel Start-Up Nation ,,
7 SANZ Enrique Equipo Kern Pharma ,,
8 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers ,,
9 KONYCHEV Alexander Team BikeExchange ,,
10 BAYER Tobias Alpecin-Fenix ,,
...
58 RIES Michel Trek - Segafredo 0:08

De General

1 1 - LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 18:39:43
2 2 - TOLHOEK Antwan Team Jumbo-Visma 0:20
3 3 - AMEZQUETA Julen Caja Rural - Seguros RGA 0:55
4 4 - RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:40
5 5 - SKUJIŅŠ Toms Trek - Segafredo 1:47
6 7 ▲1 LASTRA Jonathan Caja Rural - Seguros RGA 1:51
7 6 ▼1 PICCOLI James Israel Start-Up Nation 1:58
8 9 ▲1 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 2:13
9 8 ▼1 BIZKARRA Mikel Euskaltel - Euskadi 2:20
10 10 - RODRÍGUEZ Óscar Astana - Premier Tech 2:48
...
33 34 ▲1 RIES Michel Trek - Segafredo 10:18
78 80 ▲2 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 37:53

Back to Top
CIM LOGO