Circuit de la SartheAlex Kirsch muss no Chute opginn, Paris-Roubaix net a Gefor

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger ass op der leschter Etapp vum Circuit de la Sarthe gefall an huet musse gebutt ginn.
© rossbellphoto (Archiv)

Fir d’Ekipp Trek-Segafredo war e Freideg déi lescht Etapp vum Circuit de la Sarthe fir ze vergiessen. Eigentlech konnt just nach eng Chute d’Schlussvictoire vum Mads Pedersen verhënneren, dee bis dohinner zwou Etappe gewonnen hat an eemol den 2. gi war. An esou ass et dann och op der véierter a leschter Etapp komm.

Véier Kilometer virun der Arrivée koum et zu enger gréisserer Massechute. Ee vun de Profie war op der naasser Strooss vir am Peloton ewechgerutscht an huet fir eng Kettereaktioun gesuergt. Nieft dem Mads Pedersen sinn eng Partie Coureure gefall, dorënner och säi Coequipier Alex Kirsch.

De Pedersen ass no senger Chute nach bis op d’Arrivée gefuer. Ma duerch e Retard vu 5 Minutte war d’Schlussvictoire fort. Dës huet sech den Olav Kooij geséchert. Hie war ee vun de wéinege Coureuren, déi net gefall sinn.

Den Alex Kirsch konnt d’Course net op en Enn fueren. De Lëtzebuerger huet sech net schwéier blesséiert, ma huet am Zil awer missen um Kënn an iwwert dem A gebutt ginn. Wéi Trek-Segafredo iwwer Twitter matgedeelt huet, ass fir de Lëtzebuerger an och fir de Pedersen den Depart bei Paris-Roubaix net a Gefor.

Wéinst dem schlechte Wieder war déi lescht Etapp ëm 40 Kilometer gekierzt ginn.

D’Schlussklassement

1 KOOIJ Olav Jumbo-Visma 125 100 15:49:52
2 COSNEFROY Benoît AG2R Citroën Team 85 70 0:08
3 MEURISSE Xandro Alpecin-Fenix 70 50 0:14
4 LEVEAU Jérémy Go Sport - Roubaix Lille Métropole 60 36 0:35
5 ZINGLE Axel Cofidis 50 28 1:08
6 VIVIANI Elia INEOS Grenadiers 40 24 1:09
7 RENARD Alexis Cofidis 35 20 1:15
8 CARDIS Romain St Michel - Auber93 30 18 1:27
9 GUERNALEC Thibault Team Arkéa Samsic 25 16 1:32
10 BAIS Mattia Drone Hopper - Androni Giocattoli 20 14 1:49

Back to Top
CIM LOGO