Preview Tour des FlandresAlex Kirsch no Blessur nees mat um Depart

Tom Flammang
Franky Hippert
Beim "A Travers la Flandre" war de Lëtzebuerger gefall an am Spidol gouf e klenge Broch an der rietser Hand festgestallt.
Preview Tour de Flandre
Mam Alex Kirsch, dee sech virun zwou Woche blesséiert hat, kucke mer op den Tour de Flandres.

Et si lo nach zwou an eng hallef Woch, wou ech de ganze Wanter drop higeschafft hunn, et fir lo ze einfach opzeginn oder d’Handduch ze geheien. Dofir kucken ech elo vun Dag zu Dag. Gëschter (En Donneschdeg) war ech Rouleau gefuer, dat war moies net sou gutt gaangen, do sinn ech mëttes nach emol gefuer, dat war schonn zimmlech gutt. Ech spiere mech och gutt, dofir probéieren ech elo einfach Optimistesch ze sinn an net drun ze denken, dat et net optimal ass, mä einfach dat Bescht draus ze maachen, seet den Alex Kirsch.

Geniets, Kirsch, Jungels a Wirtgen wäerte sech fir de Weekend op méi kal Temperature mussen astellen, bis elo war ee vum Wieder verwinnt.

Dat d’Wieder ännert, huet natierlech en Impakt, haut läit souguer Schnéi hei. Ech denken awer, dat et ëmgedréint méi schwéier ass, wann s de géifs lo den éischten Deel vun der Klassiker Campagne am Kale fueren an da wat deelweis an der Vergaangenheet de Fall war sonndes beim Tour des Flandres bei 25 Grad. Deen Ëmschwong fannen ech elo méi schlëmm, wéi sech musse méi waarm undoen.

Am Moment si vill Coureure krank. Jumbo Visma huet jo an deene meeschte leschte Courssen dominéiert. De Wout Van Aert schéngt net ganz fit an huet net mat der Ekipp trainéiert. Bei Trek-Segafredo wäert ee probéieren, un déi gutt kollektiv Leeschtung aus de leschte Wochen unzeknäppen. Och wann déi ganz grouss Victoire bis elo ausbliwwen ass.

Mir gefält et ganz gutt, wéi mer fueren, an der Breed ganz staark. Dat ass och d’Konsequenz vun den Akeef, déi d’Ekipp gemaach huet. Ech gesinn den Ënnerscheet, wann ech net sou vill muss virdru maachen, dat ech da present sinn an der Finall.

Preview Tour de Flandres / Franky Hippert

Bei enger vun de schéinste Coursë vum Joer kënnt Dir e Sonndeg vu 14 Auer un hei bei eis live dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO