Fir de Kevin Geniets ass et nees déi éischte Course, nodeems hie positiv op de Coronavirus getest gouf. Den Alex Kirsch ass de leschte Weekend zwou Coursse gefuer an en Dënschdeg nach eng drëtt an der Belsch. Virun allem bei deenen zwou Courssen um Weekend huet de Profi vun Trek-Segafredo ee ganz staarken Androck hannerlooss. A senger Ekipp, déi fir Paris-Nice zeréckbehale gouf, ass a priori keen dran, deen a Fro kënnt, fir de General ze gewannen. D’Ambitioune beim Alex Kirsch a senge Coequipiere sinn dofir awer net manner kleng.
Eisen Objektiv ass sécherlech, fir eng Etapp ze gewannen. Mam Jasper Stuyven, Mads Pedersen a Bauke Mollema. Fir de General si mir awer net gutt opgestallt. Ech perséinlech sinn nees méi an enger Hëlleferroll. Mir probéieren dëst Joer de Sprintzuch bëssen ze verfeineren. Meng Roll ass déi, fir den Zuch ze guidéieren a mech doranner ze befestegen.
Déi zwee éischten Deeg dierfte fir d’Sprinter reservéiert sinn, wou den Alex Kirsch sech dann an den Déngscht vum Mads Pedersen dierft stellen. Zwou Etappe si vum Profil hir awer och predestinéiert, fir datt eng Echappée kann duerchkommen. Déi Chance wëll sech den Alex Kirsch net entgoe loossen.
Wann ech déi Chance kréien, wëll ech déi Chance huelen. Et ginn net esou vill Méiglechkeeten am Joer an dofir duerf een net ze vill zécken. Et ass méi flott wéi dat leschte Joer, well déi zwou Etappen, wou du fir d’Echappée waren, war deen een Dag eng Sprintetapp hannendrun an do gouf ech zeréckgepaff, fir mech ze schounen. Dës Kéier ass dat net esou. Déi eng Etapp ass virun engem Zäitfueren an déi aner virun enger Biergetapp.
Déi 8 Etappe gi vun e Sonndeg u live bei eis op der Tëlee gewisen.