
En Donneschdeg (23. Dezember) war d’Amy Pieters an der Géigend vu Calpe a Spuenien wärend dem Training gefall an hat sech uerg um Kapp blesséiert. No enger Noutoperatioun war d’Hollännerin an de kënschtleche Koma geluecht ginn. Hei wäert si fir weider dräi Deeg gehale ginn, dat hunn d’Dokteren am spueneschen Alicante decidéiert, wou d’Pieters zanter hirer Chute behandelt gëtt. Wéi et an engem Schreiwes vun hirer Ekipp SD Worx e Méindeg heescht, géif den Dokteren no déi zousätzlech Rou an dëser Phas d’Heelungschancen erhéijen.
Wéi eng Suitten den Accident fir déi 30 Joer al Weltmeeschterin op der Bunn wäert hunn, ass den Ament nach onkloer. Dat weess een eréischt, wann d’Amy Pieters aus dem Koma erwächt ass.