Tour de Suisse: 6. EtappAntwan Tolhoek wënnt, Kevin Geniets an der Echappé vum Dag

RTL Lëtzebuerg
No der 6. Etapp ass den Egan Bernal deen neie Leader am General vum Tour de Suisse.
© FSCL

Am Tour de Suisse huet den Hollänner Antwan Tolhoek déi 6. Etapp vun Einsiedeln op Flumserberg gewonnen. De Coureur vu Jumbo Visma war an enger Echappé an där och de Kevin Geniets dra war. De Lëtzebuerger gouf Ronn 3 Kilometer virun Enn agefaangen an ass en Donneschdeg als 39. mat engem Retard vun 2 Minutten an 39 Sekonnen uewenaus um Bierg ukomm.

Hannert dem Tolhoek konnt sech de Kolumbianer Egan Bernal als 2. klasséieren, de Coureur aus der Ekipp Ineos ass domadder och néie Leader am Generalklassement. De Kevin Geniets läit do op der 30. Platz mat engem Retard vun 2 Minutten an 30 Sekonne op de Bernal.

D’Klassement vun der Etapp

1 Tolhoek Antwan Team Jumbo-Visma 2:43:34
2 Bernal Egan Team INEOS 0:17
3 Bidard François AG2R La Mondiale 0:24
4 Hirt Jan Astana Pro Team 0:29
5 Pozzovivo Domenico Bahrain Merida 0:31
6 Bevin Patrick CCC Team 0:38
7 Costa Rui UAE-Team Emirates 0:44
8 Benoot Tiesj Lotto Soudal ,,
9 Schelling Patrick Switzerland 0:46
10 Konrad Patrick BORA - hansgrohe ,,
...
39 Geniets Kevin Groupama FDJ 2:39

De General

1 Bernal Egan Team INEOS 18:40:18
2 Dennis Rohan Bahrain Merida 0:12
3 Konrad Patrick BORA - hansgrohe 0:29
4 Hirt Jan Astana Pro Team 0:35
5 Benoot Tiesj Lotto Soudal ,,
6 Soler Marc Movistar Team 0:41
7 Pozzovivo Domenico Bahrain Merida 0:50
8 Bidard François AG2R La Mondiale 0:58
9 Aru Fabio UAE-Team Emirates 1:07
10 Roche Nicolas Team Sunweb ,,
...
30. Geniets Kevin Groupama FDJ 2:30

Back to Top
CIM LOGO