
De Grand Départ wäert jo zu Kopenhagen sinn, wou och déi 3 éischt Etappe wäerte gefuer ginn.
Eis Kolleege vum Républicain Lorrain wëllen iwwerdeems gewuer gi sinn, dass eng Etapp d’nächst Joer nees zu Lonkech wäert ukommen, dat de 7. Juli, op enger Etapp, déi zu Binche an der Belsch soll fortgoen.