VëlossportArthur Kluckers bleift bei Tudor, Mats Wenzel wiesselt a Spuenien

Tom Flammang
D'Zukunft vun den zwee Coureuren ass gekläert. De Mats Wenzel wäert a Spuenien wiesselen, wärend den Arthur Kluckers bei sengem Team Tudor bleift.
Déi zwee Lëtzebuerger Coureuren Arthur Kluckers a Mats Wenzel wëssen, wéi a wou et d'nächst Saison wäert weidergoen.
© Ketty a Rom Hankes

Aus dem Vëlossport ass et d'Nouvelle, datt de Mats Wenzel déi nächst zwee Joer fir déi spuenesch Ekipp Caja Rural-Seguros RGA fiert. Den 23 Joer ale Coureur war an der rezenter Vuelta e puer Mol an der Echappée an hat ugangs der Saison mat der Clásica de Pascua seng éischte Course bei der Profie gewonnen.

Am Mee war de Wenzel gudden Zweete ginn am Generalklassement vun der Flèche du Sud. De Coureur, dee beim C.T Atertdaul forméiert ginn ass, ass dono fir Leopard Pro Cycling gefuer, éier säi Wee iwwer Lidl–Trek bei d'Ekipp Kern Pharma gefouert hat. Do war hien déi lescht zwee Joer ënner Kontrakt.

De Mats Wenzel war leschte Freideg bei eis am Journal du Tour an hat eis gesot, datt seng Zukunft geséchert wier, ouni awer eng Ekipp ze nennen.

Škoda Tour de Luxembourg - 3. Etapp (Resumé)
Op der Kinneksetapp huet sech den Hollänner Pepijn Reinderink duerchgesat. Mam Davide Piganzoli gëtt et donieft en neie Leader am General.

Arthur Kluckers zwee weider Jore bei Tudor Pro Cycling

Och dem Arthur Kluckers seng Zukunft ass fir weider zwee Joer geséchert. Den Zäitfuer–Spezialist bléift an der Ekipp Tudor Pro Cycling. Des Nouvelle hat d'Ekipp schonn d'lescht Woch bekannt ginn. De 27 Joer ale Coureur hat dës Saison säin nationale Championstitel an der Stroossecourse zu Mamer kënne verdeedegen. Am Sprint hat hie sech virum Mathieu Kockelmann an dem Mats Wenzel duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO