
Mat enger Zäit vun 14'51" steet d’Ekipp vun Astana zum Schluss vun der 1. Etapp un der Spëtzt. Op déi zweete Plaz kënnt Deceuninck Quick-Step (+0:02 Minuten) virum Team Sunweb (+0:05 Minuten).
D’Ekipp BORA - hansgrohe packt et mam Jempy Drucker mat engem Retard vu 13 Sekonnen op déi 5. Plaz. Den Alex Kirsch kënnt mat Trek - Segafredo mat engem Retard vu 35 Sekonnen op déi 15. Plaz.