Rallye oder Vëloscourse?Auto flitt iwwer Parcours vu Junior-Weltmeeschterschaft zu Montréal

RTL Lëtzebuerg
Bei der Vëlo-Stroossecourse-WM zu Montréal war en Auto ganz sécher méi séier wéi erlaabt um Parcours ënnerwee. Fir de Chauffer gouf et duerno Konsequenzen.
De Spuenier Benjamin Noval konnt sech bei de Junioren de Weltmeeschtertitel sécheren.
© Foto von JASPER JACOBS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

Bei der Stroossecourse vun der Nowuess-Weltmeeschterschaft koum et en Donneschdeg zu engem Virfall mat engem Auto, deen hannert dem Peloton ënnerwee war. Dëse war sou séier ënnerwee, datt e vun der Strooss ofgehuewen ass.

Wéi sech méi spéit erausgestallt huet, war et de spueneschen Directeur Sportif Eleuterio Anguita, deen an der Course vun de Junioren ze séier ënnerwee war. Hie krut eng Strof vun 1.000 Euro an dierf fir de Rescht vun der Weltmeeschterschaft net méi hannert enger Course fueren. De Spuenier Benjamin Noval hat d'Course gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO