Tour de France - 14. EtappBauke Mollema wënnt en solitaire, Martin neien 2. am General

RTL Lëtzebuerg
Den Hollänner hat sech eng 41 Kilometer virun der Arrivée aus der Echappée ofgesat an huet en solitaire gewonnen. Leader bleift den Tadej Pogacar.

E Samschdeg ass et fir de Peloton iwwer 183,7 Kilometer vu Carcassonne iwwer eng Streck mat ville Kéieren, enger Partie Steigungen an Descenten op klenge Stroossen an d’Pyrenäen op Quillan gaangen.

De Bauke Mollema konnt sech op der 14. Etapp d’Victoire en solitaire sécheren. Den Hollänner hat eng 41 Kilometer virun der Arrivée aus der Echappée eraus attackéiert an ass dunn dem Zil eleng entgéint gefuer. E Grupp vu 4 Coureuren ass ëm déi 2. Plaz gesprint. Hei war de Patrick Konrad de Séiersten. De Grupp hat e Retard vun enger Minutt a 4 Sekonnen.

Fir de Mollema ass et déi 2. Victoire bei der Grande Boucle. 2017 hat hien och schonn eng Etapp gewonnen.

An d’Echappée hat et e Samschdeg och de Guillaume Martin gepackt. Hie ass als 11. op eng Minutt an 28 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. De Grupp mam Maillot Jaune Tadej Pogacar an de weidere Klassementsfuerer hat e Retard vu knapp 7 Minutten.

Am General bleift de Pogacar un der Spëtzt. Neien 2. ass de Guillaume Martin op véier Minutten a véier Sekonnen. De Fransous war virun der Etapp nach den 9. Drëtten ass elo de Riguberto Uran op fënnef Minutten an 18 Sekonnen.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Bauke MOLLEMA TREK - SEGAFREDO 04h 16' 16'’
2 Patrick KONRAD BORA - HANSGROHE 04h 17' 20'’ + 00h 01' 04'’
3 Sergio Andres HIGUITA EF EDUCATION - NIPPO 04h 17' 20'’ + 00h 01' 04'’
4 MATTIA CATTANEO DECEUNINCK - QUICK - STEP 04h 17' 22'’ + 00h 01' 06'’
5 MICHAEL WOODS ISRAEL START-UP NATION 04h 17' 26'’ + 00h 01' 10'’ B : 5'’
6 OMAR FRAILE ASTANA - PREMIER TECH 04h 17' 41'’ + 00h 01' 25'’
7 ELIE GESBERT TEAM ARKEA - SAMSIC 04h 17' 41'’ + 00h 01' 25'’
8 QUENTIN PACHER B&B HOTELS P/B KTM 04h 17' 41'’ + 00h 01' 25'’
9 LOUIS MEINTJES INTERMARCHE - WANTY - GOBERT MATERIAUX 04h 17' 41'’ + 00h 01' 25'’
10 JHOAN ESTEBAN CHAVES 172 TEAM BIKEEXCHANGE 04h 17' 44'’ + 00h 01' 28'’

D’Top 10 vum General

1 Tadej POGAČAR TADEJ UAE TEAM EMIRATES 56h 50' 21'’
2 Guillaume MARTIN COFIDIS 56h 54' 25'’ + 00h 04' 04'’
3 Rigoberto URAN EF EDUCATION - NIPPO 56h 55' 39'’ + 00h 05' 18'’
4 JONAS VINGEGAARD JUMBO - VISMA 56h 55' 53'’ + 00h 05' 32'’
5 RICHARD CARAPAZ INEOS GRENADIERS 56h 55' 54'’ + 00h 05' 33'’
6 BEN O’CONNOR AG2R CITROEN TEAM 56h 56' 19'’ + 00h 05' 58'’ B : 10'’
7 WILCO KELDERMAN BORA - HANSGROHE 56h 56' 37'’ + 00h 06' 16'’
8 ALEXEY LUTSENKO ASTANA - PREMIER TECH 56h 56' 51'’ + 00h 06' 30'’
9 ENRIC MAS MOVISTAR TEAM 56h 57' 32'’ + 00h 07' 11'’
10 MATTIA CATTANEO DECEUNINCK - QUICK - STEP 57h 00' 09'’ + 00h 09' 48'’

Quiz

Back to Top
CIM LOGO