Classica de AlmeriaBei der Victoire vum Giacomo Nizzolo gëtt den Tom Wirtgen den 117.

RTL Lëtzebuerg
Beim Succès vum Giacomo Nizzolo kënnt den eenzege Lëtzebuerger um Depart den Tom Wirtgen op Plaz 117 mat engem Réckstand vun iwwer 3 Minutten.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

Den 32 Joer alen Italiener Giacomo Nizzolo gewënnt um Sonndeg d’Classica de Almeria a Spuenien. Am Sprint huet hie sech virum Florian Sénéchal an dem Martin Laas duerchgesat.

Fir den Tom Wirtgen vun der Ekipp Bingoal WB spréngt no 183,3 km eng 117. Plaz eraus. De Lëtzebuerger hat e Retard vun 3 Minutten a 54 Sekonnen.

D’Top10

1 Giacomo Nizzolo (Team Qhubeka ASSOS) 4:18:44
2 Florian Sénéchal (Deceuninck-Quick Step) +0:00
3 Martin Laas (BORA-hansgrohe) +0:00
4 Jon Aberasturi (Caja Rural-Seguros RGA) +0:00
5 Timothy Dupont (Bingoal WB) +0:00
6 Danny van Poppel (Intermarché-Wanty-Gobert) +0:00
7 Gabriel Cullaigh (Movistar Team) +0:00
8 Edward Theuns (Trek-Segafredo) +0:00
9 Marc Sarreau (AG2R Citroën Team) +0:00
10 Damiano Cima (Gazprom-RusVelo) +0:00

Back to Top
CIM LOGO