A ronn engem Mount ginn zu Dikrech déi néi national Championnen am Cyclocross gesicht. Hei am Land bleiwe bis dohinner ouni dee vun haut nach 4 Epreuven ze fueren. Deemno konnt ee sech haut zu Ettelbréck e Bild vun der Form vun deene verschiddene Konkurrente maachen. Dat och wann deen een oder deen aneren um Depart gefeelt huet.
Ouni den Elite-Champion Loïc Bettendorff, deen am Stage ass, an de Leader am Crosscup vun den Espoiren, de Lennox Papi, dee sengersäits zu Namur beim Weltcup un den Depart gaangen ass, an do bei der Victoire vum Mathieu van der Poel als 44. klasséiert ginn ass, konnt een haut gespaant sinn, wien zu Ettelbréck an den Däichwisen d’Nues vir hätt. Op deem ganz séiere Parcours mat ville Kéiere war et wichteg, gutt an d’Course ze kommen an esou d’Konkurrenz ënner Drock ze setzen.
Dat ass deem jonke Rick Meylender ganz gutt gegléckt. Hie konnt sech zesumme mam belsche Favorit Elio Clarysse vun der Konkurrenz ofsetzen. De gudde Coup fir déi éischt zwou Plaze war fort.
Den Elio Clarysse hat d’Course iwwer déi 50 Minutten ënner Kontroll. De Leader am Skoda Cross Cup hat just am zweetleschte vun deenen 8 Tier e Schreckmoment, nodeems him d’Kette futtigefuer war. Hie war zu deem Ament awer no beim Materialposten a konnt séier op den Ersatzvëlo wiesselen. Hannert Clarysse a Meylender war et relativ laang spannend. An engem Grupp mat puer franséische Coureure waren och de Ken Conter an de Yannis Lang dobäi. De Ken Conter huet seng Chancen op eng Podiumsplaz duerch en technesche Problem an der Mëtt vun der Course missen opginn a sech mat der 7. Plaz missen zefridde ginn. Anescht de Yannis Lang.
De Coureur, deen eréischt am Hierscht vun de Juniore bei d’Espoire gewiesselt ass, konnt sech vir festbäissen a gouf haut mat der 5. Plaz belount.
De Clarysse ass als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer a baut seng Avance am Skoda Cross Cup aus. E puer Sekonnen hannendrun gouf de Rick Meylender beschten Espoir. Déi drëtt Plaz war fir de Fransous Théo Drumaux. Nächste Weekend geet et hei am Land mam Cross zu Bieles weider. En vue vum Championat heescht et awer nach ofwaarden, wie sech an den nächste Wochen als Favorit erausschielt.