Tour de France - 3. EtappBelsch Tim Merlier wënnt Etapp, Hollänner Van der Poel bleift Leader

RTL Lëtzebuerg
Et war eng turbulent Schlussphas op der 3. Etapp vum Tour de France, mat verschiddene Chutten, wou ënner aneren Roglic, Sagan an Ewan dra verwéckelt waren.

Iwwer 182 Kilometer vu Lorient op Pontivy mat just zwou Koppe vun der véierter Kategorie, stoung méi um Méindeg eng Etapp fir d’Sprinter um Programm.

5 Leit hate sech fréi an der Course an eng Echappée beginn a konnte sech en Avantage vun 2 Minutten an 30 Sekonnen erausgefuer. Beim Tëschesprint eng 64 Kilometer virun der Arrivée war d’Avance op knapp eng Minutt erofgaangen, dono ass en awer nees lues geklommen.

De Primoz Roglic, ee vun de Favoritte vun dëse Tour, war eng 10 Kilometer virun der Arrivée an eng Chute verwéckelt an huet dofir op dëser Etapp iwwer eng Minutt verluer.

Eng 5 Kilometer virun der Arrivée goufen déi 3 verbleiwend Leit un der Spëtzt agefaangen. De Peloton war zesummen an d’Ekippe vun de Sprinter hunn de Schlusssprint lancéiert. An dësem Sprint sinn och nach ënner anerem de Peter Sagan an de Caleb Ewan widderenee komm a gefall.

Den Tim Merlier konnt sech dann zum Schluss duerchsetzen, dat viru sengem Teamkolleeg Jasper Philipsen an dem Nacer Bouhanni. De Mathieu van der Poel koum am Peloton un an bléift domat Leader am General.

Belsch Tim Merlier wënnt turbulent Etapp
Belsch Tim Merlier wënnt turbulent Etapp. Mathieu van der Poel weiderhi Leader.

D’Top 10 vun der Etapp

1. MERLIER Tim Alpecin-Fenix 4:01:28
2. PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix ,,
3. BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic ,,
4. BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,
5. COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious ,,
6. ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step ,,
7. VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix ,,
8. BOL Cees Team DSM ,,
9. TURGIS Anthony Team TotalEnergies ,,
10. WALSCHEID Max Team Qhubeka NextHash ,,

D’Top 10 vum General

1. VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 12:58:53
2. ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:08
3. CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:31
4. VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma ,,
5. KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 0:38
6. POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:39
7. MAS Enric Movistar Team 0:40
8. QUINTANA Nairo Team Arkéa Samsic ,,
9. LATOUR Pierre Team TotalEnergies 0:45
10. NIBALI Vincenzo Trek - Segafredo 0:55

Quiz

Back to Top
CIM LOGO