Tour de France - 9. EtappBen O'Connor wënnt en solitaire, Pogacar bleift a Giel

RTL Lëtzebuerg
No enger staarker Prestatioun ka sech de Ben O'Connor zu Tignes virum Matteo Cattaneo duerchsetzen. Den Tadej Pogacar bleift souverän a Giel.
Tour de France - 9. Etapp
No enger staarker Prestatioun ka sech de Ben O’Connor zu Tignes virum Matteo Cattaneo duerchsetzen. Den Tadej Pogacar bleift souverän a giel.

Op der 9. Etapp ass et iwwer 144,9 km vu Cluses op Tignes gaangen. Et war eng schwéier Biergetapp an där 2 Bierger vun der 2. Kategorie, 2 vun der 1. Kategorie an ee vun der “hors catégorie” ze iwwerwanne gouf. Nom Samschdeg gouf et och um Sonndeg reenereg Wiederkonditiounen déi et de Coureuren net méi einfach gemaach hunn.

Fréi an der Course gouf aggressiv a mat engem héijen Tempo gefuer sou dat d’Feld fréi a vill verschidde Gruppen opgespléckt war.

Ronn 60 km virun der Arrivée hu sech den O’Connor, Quintana an Higuita un der Spëtzt erëm fonnt an haten eng Avance vu ronn 8 Minutten op de Peleton mam giele Maillot.

De Quintana an den Higuita konnten an der leschter Montée awer net méi mam O’Connor (AG2R) mathalen sou dat dësen ab Kilometer 17 virun der Arrivée eleng un der Spëtzt ënnerwee war a sech dës Etappevictoire konnt sécheren.

Am Grupp vun de Favoritten ëm den Tadej Pogacar gouf an der Montée erop op Tignes vill Tempo vun Ineos gemaach an de Grupp ass ëmmer méi kleng ginn. Am Schluss huet de Pogacar dann nach eng kéier attackéiert a konnt sech vun deenen anere Favoritten ofsetzen sou dat e säi Virsprong weider ausbaut. Neien zweeten am General ass elo de Vainqueur vun haut, de Ben O’Connor.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Ben O’Connor (Aus) AG2R Citroën Team 4:26:43
2 Mattia Cattaneo (Ita) Deceuninck-QuickStep 0:05:07
3 Sonny Colbrelli (Ita) Bahrain Victorious 0:05:34
4 Guillaume Martin (Fra) Cofidis 0:05:36
5 Franck Bonnamour (Fra) B&B Hotels p/b KTM 0:06:02
6 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates
7 Richard Carapaz (Ecu) Ineos Grenadiers 0:06:34
8 Jonas Vingegaard (Den) Jumbo-Visma
9 Enric Mas Nicolau (Spa) Movistar Team
10 Rigoberto Uran (Col) EF Education-Nippo

D’Top 10 vum General

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 34:11:10
2 Ben O’Connor (Aus) AG2R Citroën Team 0:02:01
3 Rigoberto Uran (Col) EF Education-Nippo 0:05:18
4 Jonas Vingegaard (Den) Jumbo-Visma 0:05:32
5 Richard Carapaz (Ecu) Ineos Grenadiers 0:05:33
6 Enric Mas Nicolau (Spa) Movistar Team 0:05:47
7 Wilco Kelderman (Ned) Bora-Hansgrohe 0:05:58
8 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana-Premier Tech 0:06:12
9 Guillaume Martin (Fra) Cofidis 0:07:02
10 David Gaudu (Fra) Groupama-FDJ 0:07:22

Quiz

Back to Top
CIM LOGO