Live op RTLBob Jungels a Michel Ries gi beim Critérium du Dauphiné un den Depart

Tom Flammang
D'Course geet dëst Joer iwwer 5 Deeg. Et ass d'Generalprouf fir den Tour de France a se annoncéiert sech nawell passionant.
Critérium du Dauphiné mam Bob Jungels a Michel Ries
D’Course geet dëst Joer iwwer 5 Deeg. Et ass d’Generalprouf fir den Tour de France a se annoncéiert sech nawell passionant.

Schonns déi éischt Etapp e Mëttwoch ass relativ hiwweleg, duerno geet et dann esouguer an déi richteg héich Bierger. Nom éischten Dag am Massif Central stinn dono nämlech 4 Deeg duerch d’Alpen um Programm.

Bob Jungels am Interview/Reportage Jeff Kettenmeyer

Jo ech denken, datt et ee ganz schwéieren Dauphiné gëtt, praktesch alles ass am Bierg. Schonns op der zweeter Etapp erop op de Col de Porte wäerten déi Bescht ënnert sech sinn. Virun allem wäert d’Course vun Ineos an Jumbo Visma dominéiert ginn an dobäi dann eben nach déi eenzel Coureuren, déi kënnen dru bleiwen.

De Bob Jungels fillt sech no der Strade Bianche a Mailand-San Remo gutt a Form: “Ech hunn am Fong ganz gutt Been, ech hu mech gutt gespuert. Ech denken esouguer, datt bei Mailand-San Remo ouni Defekt méi dra gewiescht wier. Dat stëmmt mech am Fong positiv. Den Niveau am Peloton ass awer aktuell extrem héich.

Nieft dem Bob Jungels geet e Mëttwoch och den 22 Joer jonke Michel Ries an d’Course. De staarke Grimpeur huet d’lescht Woch am Tour de l’Ain seng Qualitéite scho bewisen an dierft op seng Käschte kommen.

Mam Jakob Fuglsang steet de Gewënner vun 2017 an 19 net an der Startlëscht, fir de Recht ass d’Crème de la Crème vun den Etappecoursse mat um Depart.

De Critérium du Dauphiné mam Bob Jungels a Michel Ries gëtt vun e Mëttwoch un all Dag live op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

RTL-News: Cyclissem LIVE: Critérium du Dauphiné vun e Mëttwoch bis e Sonndeg all Dag live

Bob Jungels iwwer seng Zukunft

An de leschten Deeg war ëmmer nees ze liesen, datt de Bob Jungels d’nächst Saison wuel fir AG2R wäert fueren an deemno géif Co-Equipier vum Ben Gastauer ginn. Am RTL-Interview virum Dauphiné huet den aktuelle Profi vun Deceuninck Quick-Step dëst awer net confirméiert.

Fir d’nächst Joer hunn ech nach néierens ënnerschriwwen. Mir sinn nach ëmmer a Verhandlunge mat verschiddenen Ekippen, notamment och Quick-Step.

Back to Top
CIM LOGO