
Mam Alex Kirsch an dem Bob Jungels sinn och zwee Lëtzebuerger mat dobäi. Fir de Leschtgenannten ass et déi éischte Course vun der Saison.
Dat war am Ufank net esou geplangt. Am Virfeld sollt de Bob Jungels nämlech d’Ruta del Sol a Spuenien fueren. Wéinst der Corona-Pandemie gouf dës Course awer verréckelt an den Training gouf anescht geplangt.
“Nom Stage mat der Ekipp zu Denia war geplangt, dass ech zwou Wochen an de Stage an d’Sierra Nevada géif goen an duerno d’Ruta de Sol géif fueren. Déi ass awer du verréckelt ginn. Dunn hu mir decidéiert, 3 Wochen an der Héicht ze bleiwen, wou een als Ekipp och relativ gutt konnt Coursse simuléieren. Haaptsächlech den héich intensiven Training an der leschter Woch huet mir gutt gedoen. An elo heiheem nach an de leschten Deeg hannert de Motor gaangen.”
Den Training an der Sierra Nevada ass optimal verlaf. Ënnert anerem mat gudde Wiederkonditiounen. De Bob Jungels hat iwwer de ganze Wanter och keng gesondheetlech Problemer. Hien ass relativ optimistesch, fir schonns fréi an der Saison gutt Resultater ze maachen. An dat kann direkt elo bei Paris-Nice ufänken. D’Course au Soleil ass eng, déi hien aus de leschte Jore schonns gutt kennt.
“Paris-Nice ass seelen eng grouss Iwwerraschung, ausser wat d’Meteo ugeet. Déi zweet Etapp ass relativ ufälleg fir Bordüren. Den drëtten Dag ee Chrono. Mäin Haaptzil ass, fir op den éischten zwee Deeg keng Zäit ze verléieren an um 3 Dag Zäit erauszefueren. Duerno da kucken, fir an de Koppe mat deenen éischten eriwwerzekommen. Zu Nice decidéiert et sech dann.”
An dat dierft dann de Fall am Col d’Èze sinn, deen traditionell ëmmer um leschten Dag gefuer gëtt.