Op der néngter Etapp koum de Bob Jungels no engem Solo vun iwwer 60 Kilometer als Éischten uewen aus zu Châtel les portes du Soleil un. Et ass déi éischt Lëtzebuerger Victoire zënter 2011 beim Tour de France. Deemols hat den Andy Schleck eng Etapp bei der Grande Boucle gewonnen.
No senger staarker Performance op der aachter Etapp zu Lausanne, war de Lëtzebuerger Deel vun enger Echappée, déi sech eng 140 km virun der Arrivée opgemaach huet. D’Echappée aus 15 Coureuren, mat ënner anerem dem Wout van Aert, Thibaut Pinot a Rigoberto Uran, konnt sech eng maximal Avance vu knapp 4 Minutten erausfueren.
2,5 km virum Passage vum Col de la Croix huet de Bob Jungels sech mam Däitsche Simon Geschke vun der Echappée ofgesat. Duerno ass den 29 Joer ale Lëtzebuerger iwwer 60 Kilometer eleng un der Spëtzt gefuer a konnt seng éischt Etapp beim Tour de France gewannen. De Lëtzebuerger ass no sengem Exploit och den Zweeten am Klassement fir de Biergtrikot mat insgesamt 18 Punkten, een hannert dem Simon Geschke.
Et ass dat bescht Resultat iwwerhaapt fir de Bob Jungels beim Tour de France. 2015 war hien op der 18. Etapp de Véierte ginn. Fir e Coureur aus dem Grand-Duché ass et déi éischt Victoire zënter 2011, wéi den Andy Schleck viru sengem Brudder Fränk an dem Cadel Evans um Col du Galibier ukomm war. Insgesamt ass de Jungels de 16. Lëtzebuerger, deen eng Etapp beim Tour de France gewënnt.
Den Tadej Pogacar kënnt als 5. an de Jonas Vingegaard als 6. un, dat mat engem Réckstand vun 49 Sekonnen op de Jungels. Den zweete Lëtzebuerger Kevin Geniets klasséiert sech als 49. op 12'02'’.
Am Generalklassement verbessert sech de Bob Jungels op Plaz 16 mat engem Retard vu 5'53'’ op de Leader Tadej Pogacar. De Pogacar huet eng Avance vun 39 Sekonnen op den Zweete Jonas Vingegaard an 1'17'’ op den Geraint Thomas als Drëtten. De Kevin Geniets ass no der 9. Etapp de 46. op 32'37'’.
Félicitations Bob!
Après une extraordinaire chevauchée tu as fait un grand numéro aujourd‘hui au Tour de France en remportant en solitaire cette 9e étape de la Grande Boucle .
Un sacré numéro Bob!
Bonne chance pour la suite.
s.Georges Engel
Ministre des Sports
De Georges Engel wëll iwwerdeens erreechen, datt geschwënn och nees eng Etapp vum Tour de France zu Lëtzebuerg gefuer gëtt, wéi hien am RTL-Interview verroden huet.
