UAE TourBob Jungels fiert am Peloton iwwer d'Arrivée

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Etapp vun der UAE Tour vun e Sonndeg gouf vum Belsch Jasper Philipsen virum Sam Bennett an dem Elia Viviani gewonnen.
© Vincent Curutchet (Archiv)

E Sonndeg war déi éischt Etapp vum Tuer duerch déi Vereenegt Arabesch Emirater, déi nach bis den nächste Samschdeg gefuer gëtt. A senger éischter Course vum Joer 2022 kënnt de Bob Jungels bei der UAE Tour op der 82. Plaz an d’Zil, an der selwechter Zäit wéi de Gewënner Jasper Philipsen.

Am Generalklassement läit de Jasper Philipsen mat enger Avance vu 4 Sekonne virum Sam Bennett aus Irland an dem Russ Dmitry Strakhov. De Bob Jungels huet hei e Retard vun 10 Sekonnen op de Leader.

Top10

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix 4:42:34
2 BENNETT Sam BORA - hansgrohe ,,
3 VIVIANI Elia INEOS Grenadiers ,,
4 GROENEWEGEN Dylan Team BikeExchange - Jayco ,,
5 LIEPIŅŠ Emīls Trek - Segafredo ,,
6 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
7 KANTER Max Movistar Team ,,
8 KOOIJ Olav Jumbo-Visma ,,
9 DEVRIENDT Tom Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
10 ACKERMANN Pascal UAE Team Emirates ,,
...
82 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team ,,

Back to Top
CIM LOGO