
No engem wallonnéierte Parcours geet et op e Schlusscircuit, deen zweemol gefuer gëtt. Op de leschten 31 Kilometer waarden nieft der Côte d’Ereffe an der Côte de Cherave virun allem d’Mur de Huy. D’Schlussmontée bei dësem Ardennenklassiker ass wuel just 1,3 Kilometer laang, mee huet eng maximal Pente vu 26 Prozent.
D’Favoritte sinn den Titelverdeedeger an dräifache Gewënner Julian Alaphilippe, den Tadej Pogacar an den Thomas Pidcock. Den Zweete vun 2021, de Primoz Roglic, huet misse Forfait erklären. De Bob Jungels fiert bei senger 6. Participatioun fir säi Kapitän bei AG2R, de Benoît Cosnefroy, deen 2. vun der Amstel Gold an 2. vun der Flèche Wallonne 2020 gouf. De Lëtzebuerger huet no enttäuschender Pawee-Campagne zu Cran Canaria erëm e bëssen Energie getankt a wëll sech no 3 Joer Paus zu Huy virun allem och op Léck-Baaschtnech-Léck an den Tour de Romandie preparéieren.
Nieft dem Bob Jungels sinn och de Kevin Geniets an de Luc Wirtgen um Depart. Den Tom Flammang an de Kim Kirchen sinn e Mëttwoch vun 15 Auer u fir Iech live dobäi. D’Dammecourse mam Nina Berton kënnt Dir vun 11.10 Auer un op RTL.lu am Stream materliewen.