Cyclissem-WM zu YorkshireBréck op Circuit wéinst massivem Reen zesummegefall

RTL Lëtzebuerg
De geplangte Parcours vun der Cyclissem-WM, den 29. September am britesche Yorkshire, gouf duerch d'Zesummefale vun enger Bréck a Gefor bruecht.
© Twitter / North Yorkshire CC

Massiv Reefäll a kräfteg Donnerwiederen hu Groussbritannien fest am Grëff. Zanter Deeg kënnt et zu Schied op Stroossen a Brécken. Elo gouf um urspréngleche Parcours vun der Cyclissem-WM, déi Enn September ausgedroe gëtt, och eng Bréck Affer vum ville Renn.

Domat sinn Deeler vum 285 Kilometer laangem WM-Circuit vun den Häre betraff. D’Organisateure mussen elo mat Héichdrock d’Reparaturen ugoen.

Back to Top
CIM LOGO