Giro d'Italia: 15. EtappCampenaerts gewënnt virum Riesebeek, Bernal bleift a Rosa

RTL Lëtzebuerg
No enger Chute huet iwerdeems de 6. am General Emanuel Buchmann d'Course fréi an der Etapp missen opginn. 

No enger ganz schwéierer Etapp um Samschdeg huet e Sonndeg eng flaach 15. Etapp op d’Coureure gewaart. Déi 147 Kilometer goufe vun enger Echappée bestëmmt. 15 Coureuren haten en tëschenzäitleche Virsprong vu ronn 17 Minutten. Aus dëser Grupp ass dann och de Gewënner komm. De Belsch Victor Campenaerts (Team Qhubeka ASSOS) war an der leschter klenger Montée dee Stäerksten a gewënnt virum Hollänner Oscar Riesbeek (Aplecin-Fenix).

De Peloton mat de Favoritten ass mat iwwer 17 Minutte Réckstand iwwert d’Ligne d’Arrivée gefuer. Am General bleift un der Spëtzt deemno alles beim Alen. Den Egan Bernal bleift mat enger Minutt an 33 Sekonne virum Simon Yates am Maglia Rosa.

Net méi mat dobäi ass iwwerdeems den Emanuel Buchmann. Den Däitsche war schonn no 2 Kilometer an eng méi uerg Chute verwéckelt an huet mussen opginn. E Sonndeg den Owend huet seng Ekipp matgedeelt, datt hie sech näischt gebrach huet, ma hien huet eng Gehirnerschütterung a Prellungen am Gesiicht an un der Hëft.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Victor Campenaerts (Bel) Team Qhubeka ASSOS 3:25:25
2 Oscar Riesebeek (Ned) Alpecin - Fenix 0:00:00
3 Nikias Arndt (GER) Team DSM 0:00:07
4 Simone Consonni (Ita) Cofidis 0:00:07
5 Quinten Hermans (Bel) Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:00:07
6 Dario Cataldo (Ita) Movistar Team 0:00:07
7 Bauke Mollema (Ned) Trek - Segafredo 0:00:09
8 Albert Torres Barcelo (Esp) Movistar Team 0:00:44
9 Juan Sebastian Molano Benavides (Col) UAE Team Emirates 0:01:02
10 Maximilian Walscheid (GER) Team Qhubeka ASSOS 0:01:02

D’Top 10 vum General

1 Egan Arley Bernal Gomez (Col) INEOS Grenadiers 58:30:47
2 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:01:33
3 Damiano Caruso (Ita) Bahrain Victorious 0:01:51
4 Aleksandr Vlasov (Rus) Astana - Premier Tech 0:01:57
5 Hugh Carthy (GBr) EF Education - Nippo 0:02:11
6 Giulio Ciccone (Ita) Trek - Segafredo 0:03:03
7 Remco Evenepoel (Bel) Deceuninck - Quick-Step 0:03:52
8 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) INEOS Grenadiers 0:03:54
9 Tobias Foss (Nor) Jumbo-Visma 0:05:37
10 Attila Valter (Hun) Groupma-FDJ 0:07:49

Quiz

Back to Top
CIM LOGO