Giro d'Italia: 20. EtappCaruso wënnt lescht Biergetapp, Bernal steet viru Schlussvictoire

RTL Lëtzebuerg
Virun der Schlussetapp e Sonndeg huet de Bernal am Maglia Rosa e Virsprong vu ronn 2 Minutten op de Caruso.

Den Damiano Caruso huet e Samschdeg déi 20. Etapp vum Giro d’Italia 2021 iwwer 164 Kilometer vu Verbania op Alpe Motta gewonnen. Den 33 Joer alen Italiener hat sech eng zwee Kilometer virun der Arrivée vu sengem Begleeder Romain Bardet ofgesat an ass der Victoire eleng entgéint gefuer. Op der Arrivée hat de Caruso um Enn e Virsprong vu 24 Sekonnen op den Egan Bernal. De Felipe Martinez an de Romain Bardet haten als Drëtte respektiv Véierten e Retard vu 35 Sekonnen.

Den Egan Bernal steet duerch seng zweete Plaz kuerz virun der Schlussvictoire vum Giro d’Italia 2021. De Kolumbianer huet virun der leschter Etapp e Virsprong vun enger Minutt an 59 Sekonnen op den Damiano Caruso. Drëtten ass den Simon Yates op dräi Minutten an 23 Sekonnen.

D’Top 10 vun der Etapp

1 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 4:27:53
2 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:24
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 0:35
4 BARDET Romain Team DSM ,,
5 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 0:41
6 YATES Simon Team BikeExchange 0:51
7 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 1:13
8 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 1:29
9 FORTUNATO Lorenzo EOLO-Kometa 2:07
10 PEDRERO Antonio Movistar Team 2:23

D’Top 10 vum General

1 1 - BERNAL Egan INEOS Grenadiers 85:41:47
2 2 - CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:59
3 3 - YATES Simon Team BikeExchange 3:23
4 4 - VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 7:07
5 6 ▲1 BARDET Romain Team DSM 7:48
6 7 ▲1 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 7:56
7 5 ▼2 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 8:22
8 8 - ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 8:50
9 9 - FOSS Tobias Team Jumbo-Visma 12:39
10 10 - MARTIN Dan Israel Start-Up Nation 16:48

Quiz

Back to Top
CIM LOGO