Cyclocross zu KeelCédric Pries bei Victoire vum Hugo Boulanger beschte Lëtzebuerger
Jacques Joseph
E Samschdeg gouf den éischte regionale Cyclocross vum nei gegrënnte Veräin Keeldall gefuer.
Update: 16.10.2021 19:44
Cédric Pries beschte Lëtzebuerger beim Cyclocross Keeldall
E Samschdeg gouf den éischte regionale Cyclocross vum nei gegrënnte Veräin Keeldall gefuer. Gewonnen huet den Hugo Boulanger.
De regionale Cyclocross vum Keeldall gëtt vum Fransous Hugo Boulanger gewonnen. Op 19 Sekonne gëtt de Cédric Pries den Zweeten. Um Podium stoung och nach de Loïc Bettendorff. Fir de Scott Thiltges war et déi zweet Course no senger Blessur um Réck.