
Op der zweeter Etapp vu Paris-Nice ass et e Méindeg iwwer 188 Kilometer vun Oinville-sur-Montcient op Amilly gaangen. Um Enn ass d’Decisioun genee wéi e Sonndeg am Sprint gefall. Déi séierste Been hat op der zweeter Etapp de Cees Bol. Den Hollänner huet senge Konkurrente keng Chance gelooss. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Mads Pedersen an de Michael Matthews gefuer.
De Bob Jungels ass an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 79. iwwert de wäisse Stréch gefuer. Den Alex Kirsch huet als 142. eng Minutt a 17 Sekonne verluer.
Neie Leader am General ass de Michael Matthews. Den Australier läit 4 Sekonne virum Mads Pedersen an dem Sam Bennett. De Bob Jungels ass de 70. op 14 Sekonnen. Den Alex Kirsch läit op der 145. Plaz an huet e Retard vun zwou Minutten an 31 Sekonnen.
En Dënschdeg waart zu Gien een Zäitfueren iwwer ronn 14 Kilometer op d’Coureuren.


[cpmments]