
Gesicht goufen e Freideg den Owend am Championnat am Cyclissem déi nei national Championen am Zäitfueren.
Bei den Elite mat Kontrakt ass de Kevin Geniets iwwert déi 19,6 Kilometer déi séiersten Zäit gefuer a gëtt domadder de Successeur vum Bob Jungels, dee jo aus gesondheetleche Grënn net konnt un den Depart goen. Op déi zweete Plaz ass de Michel Ries gefuer an Drëtten ass den Alex Kirsch ginn.
Bei den Elite ouni Kontrakt huet sech den Tim Diederich de rout-wäiss-bloe Maillot eng weider Kéier geséchert. Sëlwer a Bronz ware fir de Larry Valvasori an de Philippe Schmit.
Bei den Damme goung den Titel wéi erwaart un d’Christine Majerus. Si huet sech virum Carmen Coljon an dem Mia Berg duerchgesat.
Hären-Elite mat Kontrakt
1. Kevin Geniets
2. Michel Ries
3. Alex Kirsch
Hären-Elite ouni Kontrakt
1. Tim Diederich
2. Larry Valvasori
3. Philippe Schmit
Espoiren
1. Arthur Kluckers
2. Loïc Bettendorf
3. Raphaël Kockelmann
Dammen Elite
1. Christine Majerus
2. Carmen Coljon
3. Mia Berg
U23 Dammen
1. Nina Berton
2. Maïté Barthels
3.Nesser Aurélie
Juniorinnen
1. Marie Schreiber
2. Liv Wenzel
3. Layla Barthels
Junioren
1. Noé Ury
2. Alexandre Kess
3. Arno Wallenborn
Débutants Jongen
1. Mats Berns
2. David Lang
3. Jimmy Kiesgen
Débutants Meedercher
1. Gwen Nothum
2. Anouk Schmitz
Masters
1. Franck Sertic
2. Marc Scheller
3. Steve Fries