Vun der Strooss an de BulliChristine Majerus huet Cyclocross-Saison trotz klenger Blessur fest am Bléck

Tom Flammang
D'Weltmeeschterschaften am Januar an der Schwäiz si fir d'Lëtzebuerger Cyclistin wéi gewinnt nees den Héichpunkt.
Christine Majerus huet Cyclocross-Saison fest am Bléck
Eng kleng Blessure um Knéi hënnert d’Cyclistin aktuell awer nach um Depart vun den éischte Cyclocrossen.

Zanter laange Jore schonn zielt d’Christine Majerus zu deene beschten Dammen am internationale Vëlossport. No enger laanger an excellenter Stroossesaison steet elo schonn erëm de Cyclocross um Programm. Wéi gewinnt sinn do d’Weltmeeschterschaften am Januar nees den Héichpunkt och wann eng kleng Blessure am Moment nach keng Courssen zouléisst.

Mat enger ganz staarker 11. Plaz bei de Stroosseweltmeeschterschaften an England ass dem Christine Majerus hir Saison virun e puer Wochen op en Enn gaangen. Do virdru gouf et am September bei der Boels Ladies Tour deen éischte Succès bei enger World-Tour-Course. Um Enn vun der Saison steet esou eng formidabel 9. Platz an der World Tour an an der UCI-Weltranglëscht zu Buch.

RTL-Artikel: Christine Majerus zitt excellente Bilan vun der Saison 2019 D’Ekipp Boels Dolmans huet ugekënnegt dat ‘Sponsoren no 2020 net wäerte weider maachen, domat ass d’Zukunft vun der 32-järeger Athletin nom nächste Joer nach ongewëss.

Am Moment plot eng Blessure um rietse Knéi d’Lëtzebuerger Championne déi et wéi nëmme ganz wéineg Sportler packt, mat kuerze Pausen an engem gutt doséierten Training iwwer laang Zäit eng gutt Form ze halen.

Wat D’Ziler fir de kommende Wanter uginn sou gëtt et duerch eng nei organiséiert Startopstellung bei de Crossen, wou nëmmen nach d’Weltcup-Resultater gekuckt ginn, méi schwéier fir Richtung WM an der Schwäiz e Pronostic ze maachen. Bis elo war et déi 4 Plaz aus dem Joer 2018 déi als Topp-Resultat a beschter Erënnerung bliwwen ass.

Am Moment steet liichten Ausdauertraining um Plang éier Enn vum Joer dee méi spezifesche Cyclocross-Training programméiert ass. Duerno wäert ee gesinn ob d’Christine Majerus hir Ziler op en néits kann erreechen.

Back to Top
CIM LOGO