
Dëse Freideg huet d‘Lëtzebuerger Championne awer nach bei der Course Drentse 8 an Holland missen un den Depart goen, a gouf um Enn déi gutt 9. mat engem Retard vun 27 Sekonnen op d‘Gewënnerin Chantal van den Broeck-Blaak aus Holland.
D‘Majerus war an der Echappée vum Dag, an hat e puer Kilometer virun der Arrivée probéiert ze attackéieren. Déi Attack gouf awer vun hirer Equipière, der van den Broeck-Blaak, gekontert.
E Samschdeg geet d’Lëtzebuergerin dann nach am Kader vum World Tour bei der “Le Ronde van Drenthe” un den Depart.