No der Éierung huet d'Christine Majerus vu kengem neie Gefill geschwat, dëse Präis iwwerreecht ze kréien, mee déi 35 Joer al Sportlerin ass trotzdeem frou, dass hir Leeschtungen unerkannt ginn an ass dowéinst och houfreg, nees als Sportlerin vum Joer 2021 am Palmarès ze stoen.
D'Christine Majerus wäert beim Festival Elsy Jacobs mat dobäi sinn, deen dëse Weekend gefuer gëtt. Wat hir Ambitioune sinn, huet d'Coureuse eis och am Interview verroden a wéi et mam Profikontrakt bei der Ekipp SD Worx ausgesäit, deen dëst Joer ausleeft.