D’Christine Majerus start Enn Februar an hir 15. Saison als Proficyclistin. Fir déi 9. Kéier geet d’Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer mam Maillot vun der belscher Formatioun SD Worx un den Depart, der beschter Ekipp aus de leschte Joren. 33 Victoiren, mat ënnert anerem La Course, Léck-Baaschtnech-Léck, Flèche Wallonne an dem Giro.
E Mëttwoch goufen déi 13 Cyclistinne fir d’Saison 2022 iwwert en Internetstream presentéiert. Et gi wuel e puer Changementer. D’Christine Majerus wäert awer hir wichteg Roll als Capitain de route behalen a bei e puer Courssen och hir Fräiheete kréien, eppes op eege Fauscht ze probéieren.
D’Christine Majerus hat e groussen Undeel um Succès vun SD Worx an ass an hirer 8. Saison selwer dräi Victoiren erausgefuer, ënnert anerem bei der 1.1 Course Omloop Van de Westhoek. Der Lëtzebuergerin hire Fokus läit besonnesch um éischten Deel vun der Saison mat der Pawee-Klassiker. Dofir huet si hir Preparatioun fir déi nei Saison e bëssen anescht gestallt.
D’Christine Majerus: Ech hu meng Cross-Saison e bëssi éischter opgehalen, fir meng Stroossesaison éischter ze preparéieren. Ech mengen dat wor déi richteg Decisioun. Elo fuere mir nach an de Stage a Spuenien, fir déi lescht Kilometere rofzespullen, an dann hoffen ech, ee gutt Fréijoer ze hunn. Mir mech perséinlech Paris Roubaix als Haaptzil. Do war ech bei der leschter Editioun zimmlech gutt ënnerwee. Och wann ech zum Schluss e bësse Pech hat. Ech hoffen, datt ech dëst Joer do e bësse méi Chance hunn an eventuell e bessert Resultat kann erausfueren.
Um Enn ass nach eng excellenten 11. Plaz erausgesprongen. D’Christine Majerus fänkt hir Saison de 26. Februar mam Het Niewsblaad un a wëll dann iwwert Gent Wewelgem an den Tour des Flandres bei Paris Roubaix an hirer beschter Form sinn. Mee et ginn och schonn Iwwerleeungen, fir et an de Kader vun anere grousse Courssen ze packen.
An dann hoffen ech, fir an der zweeter Hallschent beim Tour de France dobäi ze sinn, fir eventuell mat enge vu menge Leaderinnen op de General ze fueren. Dat wär zimmlech flott, wa mir do als SD Worx am General kéinte mat virbäi fueren. An ech sinn do gespaant, wéi dat ofleeft, mä ech sinn op alle Fall prett, fir alles ze ginn fir meng Leaderen.
Dat wier an de leschte Joren d’Anna Van der Breggen gewiescht. Mee de Superstar aus Holland fiert vun dëser Saison un als sportlechen Direkter am Teamauto vun SD Worx, genee ewéi de fréiere Cyclocross-Weltmeeschter Lars Boom. Deemno heeschen d’Kapitäninne bei SD Worx ënnert anerem Demi Vollering, Chantal Van den Broek-Blaak an den neien Duo Lotte Kopecky a Marlen Reusser.
D’Amy Pieters läit leider no hirer schwéierer Chute Enn Dezember nach ëmmer am Koma. Dofir ass all Victoire vun SD Worx och eng Victoire fir d’Hollännerin. E Grond och fir d’Christine Majerus dës Saison nach eng Kéier 10 Prozent méi ze ginn.
Ech hoffen op jiddwerfalls, datt mir eng gutt Saison hunn. Ech si motivéiert an ech hoffen, datt dir alleguer matféiwert.