Dëse Weekend gëtt de Klassiker Paris-Roubaix gefuer. Fir d’Hären ass et Sonndeg schonn déi 119. Editioun vun der Course, iwwerdeems et bei den Dammen e Samschdeg eréischt déi zweet Kéier ass. Aus Lëtzebuerger Siicht dierf ee gespaant sinn, wéi sech d’Christine Majerus no hirer 11. Platz aus dem leschte Joer aus der Affär zitt. Fir d’Lëtzebuerger Championne ass dës Course ee vun den Highlighte vum Joer.
Iwwer déi lescht Wochen a Méint huet d’Christine Majerus alles dru gesat, fir e Samschdeg an Toppform ze sinn. D’Gesondheet war iwwer déi leschten Deeg awer e bëssen ugeschloen. Am Virfeld vun der sougenannter “Enfer du Nord” ass d’Christine Majerus krank ginn, wat sécherlech alles anescht wéi optimal virun der Course ass.
Christine Majerus: “Ech hunn alles versicht, fir gesond ze bleiwen, mä leider huet et net 100% funktionéiert. Ech weess awer, datt meng Form gutt war an ech nach rechtzäiteg d’Brems gezunn hunn, fir mengem Kierper déi néideg Rou ze ginn. Déi leschten Deeg gesinn ech och, datt et vun Dag zu Dag bësse besser geet. Elo hunn ech nach haut a muer de Moien an dann hoffen ech dat et bis den Depart vun der Course zwar net 100 prozenteg ass mee awer 95 Prozent.”
Ronn 125 Kilometer laang ass d’Course iwwer d’Paweesteng am Norde vu Frankräich fir d’Dammen. Nom Depart zu Denain geet et 30 Kilometer iwwer normal Stroossen, éier den éischte Secteur Pawee muss gefuer ginn. Dëst Joer am Géigesaz zum leschte Joer op dréchene Stroossen.
D’lescht Joer gouf et eng Victoire fir d’Elizabeth Deignan. Bei SD Worx huet d’Christine Majerus am Déngscht vun hirer Ekipp ugangs der Saison vill Aarbecht geleescht an hofft drop, fir e Samschdeg e klenge Retour ze kréien.
D’Course kënnt dir e Samschdeg bei eis e Samschdeg vu 14 Auer un op RTL Tëlee Lëtzebuerg kucken an och d’Häre-Course e Sonndeg ëm déi selwecht Zäit.