Cyclocross-Weltcup zu NamurChristine Majerus op der 22. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Beim UCI World Cup zu Namur an der Belsch waren d'Christine Majerus an d'Marie Schreiber bei der Dammecourse am Asaz.
© ATP Arthur Thill (Archiv)

Op dësem Sonndeg war zu Namur déi eeleft Manche am Cyclocross-Weltcup vun dëser Saison. Bei den Damme gounge 70 Coureuren un de Start, ënnert hinnen och d’Lëtzebuergerinne Christine Majerus a Marie Schreiber.

Mam Ausgang vun der Course hate béid Coureure vum Roude Léiw näischt ze dinn. D’Manche zu Namur gouf vun der Hollännerin Lucinda Brand vu Baloise Trek Lions, virun hire Landsfraen Denise Betsema (+ 20 Sekonnen) a Puck Pieterse (+1 Minutt 16 Sekonnen), no 53 Minutten a 7 Sekonne gewonnen. Insgesamt koume siwen Hollännerinnen ënnert déi Top10. D’Lëtzebuerger Championne Christine Majerus koum mat 4 Minutten an 12 Sekonne Réckstand op déi 22. Plaz, d’Marie Schreiber huet d’Zillinn net gesinn.

Och d’Jugend vun der FSCL war e Sonndeg zu Namur um Start. Bei de Junioren ënner 18 Joer goung d’Victoire un den Hollänner David Haverdings, virum Kenay de Moyer aus der Belsch (+ 1 Minutt 6 Sekonnen) an dem Corentin Lequet aus Frankräich (+ 1 Minutt 8 Sekonnen). Dräi Lëtzebuerger Juniore sinn an d’Top40 gefuer: de Mathieu Kockelmann (Plaz 32, + 4 Minutten 26 Sekonnen), den David Lang (Plaz 35, + 4 Minutten 33 Sekonnen) an de Mil Morang (Plaz 37, + 5 Minutten 2 Sekonnen). Weider Lëtzebuerger Coureure waren de Mats Berns (Plaz 52, + 6 Minutten 33 Sekonnen), de Fynn Ury (Plaz 55, + 6 Minutten 55 Sekonnen) an de Lenny Kleman (Plaz 57, + 7 Minutten 39 Sekonnen).

Uschléissend goungen d’Juniorinnen un de Start. An dëser Kategorie konnt sech d’Brittin Zoe Backstedt no 37 Minutten an 2 Sekonnen d’Victoire virum Leonie Bentveld aus Holland (+ 1 Minutt 11 Sekonnen) an dem Valentina Corvi aus Italien (+ 1 Minutt 27 Sekonnen) sécheren. Fir Lëtzebuerg waren d’Liv Wenzel (Plaz 31, + 8 Minutten 6 Sekonnen), d’Layla Barthels (Plaz 37, + 8 Minutten 30 Sekonnen), d’Anouk Schmitz (Plaz 38, + 9 Minuten 14 Sekonnen) an d’Isabell Oepen (Plaz 41) un de Start gaangen.

Back to Top
CIM LOGO