Cyclocross-WM zu OstendeChristine Majerus: Sand-Passage dierft Course entscheeden

Tom Flammang
De Weekend ass an der Belsch d'Weltmeeschterschaft am Cyclocross. RTL iwwerdréit d'Coursse vun den Dammen- an Hären-Elite live.
Christine Majerus: Sand-Passage dierft Course entscheeden
De Weekend ass an der Belsch d’Weltmeeschterschaft am Cyclocross. RTL iwwerdréit d’Coursse vun den Dammen- an Hären-Elite live.

Dëse Weekend ginn zu Ostende an der Belsch d’Weltmeeschterschaften am Cyclocross gefuer. Lëtzebuerg huet 4 Leit mat dobäi. Bei den Dammen ass dat d’Christine Majerus. D’Lëtzebuerger Championne huet déi beschte Chancen op e gutt Resultat. 2017 war bei der WM zu Bieles eng gutt 7. Plaz erausgesprongen an e Joer drop zu Valkenburg an Holland souguer déi excellent 4.. Bei den Espoir-Damme geet nach d’Maïté Barthels un den Depart, bei den U23-Häre sinn et de Loïc Bettendorff an de Cédric Pries. De Parcours ass ronn 3 Kilometer laang a besteet zu engem groussen Deel aus Wiss. D’Haaptschwieregkeet ass awer de Passage am Sand an déi gëfteg Montée op eng 21 Prozent géi Bréck erop.

An der Damme-Course kann ee sech eng hollännesch Dominanz virstellen. Alvarado, Brand a Betsema ginn als Favoritinne gehandelt. Outsiderchancen huet och d’Sanne Cant aus der Belsch.

Bei den Häre steet alles am Zeeche vun engem Duell tëscht dem Mathieu Van Der Poel an dem Wout Van Aert. Béid Coureuren dominéieren den internationale Vëlossport net nëmmen op der Strooss, mee och am Cross. Allebéid hunn de Weltmeeschtertitel bei den Häre bis elo 3 Mol gewonnen a wäerten e Sonndeg Milliounen Zuschauer virun den Ecran zéien.

D’Cyclocross-Weltmeeschterschaft live op der Tëlee an op RTL.lu

E Samschdeg live vu 15.10 Auer un d’Dammecourse mat Commentaire vum Tom Flammang an dem Marie Schreiber als Co-Commentateur.

E Sonndeg live vu 15.10 Auer un d’Härecourse mat Commentaire vum Tom Flammang an dem Bronzemedail-Gewënner vu München 1985 Claude Michely als Co-Commentateur.

Promo Cyclocross-WM
.....

Déi offiziell Promo vun der UCI

Promo UCI-Cyclocross-WM
....

Back to Top
CIM LOGO